Merci ! D’kloer Sprooch vun der ADR a 6 Gemengeréit

Bei de Gemengewahle vum 9. Oktober 2011 huet d’ADR 4 Sëtz a Proporzgemenge behalen. An de Majorzgemenge sinn zwee weider Kandidaten, déi sech och bei den Nationalwahlen op der ADR Lëscht gestallt haten, gewielt ginn. D’ADR seet alle Wieler déi der Partei d’Vertraue geschenkt hunn, e grousse Merci, an dëst gëllt och fir all d’Kandidaten an déi vill Leit déi bei dëser Wahle gehollef hunn.

An dëse Proporzgemengen ass d’ADR an de Gemengerot gewielt ginn:

  • Stad Lëtzebuerg: 5,02% (+ 1,1%). Gewielt ass de Fernand Kartheiser
  • Diddeleng: 5,51% (+0,91%). Gewielt ass d’Trudy Reiff
  • Péiteng: 5,97% (+0,69%). Gewielt ass den Joé Thein
  • Wëntger: 12,07% (-0,97%). Erëm gewielt ass de Jeff Engelen

An dëser Gemengen ass et leider net duer gaangen:

  • Déifferdeng: 3,84% (-0,12%)
  • Esch-Uelzecht: 3,85% (-3%)
  • Käerjeng: 4,2% (-0,35%)
  • Monnerech: 5,55% (-1,5%)
  • Schëffleng: 5,32% (-0,45%)
  • Suessem: 4,98% (-1,57%)

Trotz gudder Aarbecht hu leider d’Michèle Retter (Monnerech) an den Nico Schroeder (Suessem) hir Mandater verluer.

An dëse Majorzgemengen hu Kandidaten, déi bei den d’Nationalwahle fir d’ADR kandidéiert hunn, e Sëtz am Gemengerot uvertraut kritt:

  • Fëschbech: Marie-Louise Haas-Erpelding
  • Manternach: Roby Mehlen