Géint d’Famill a géint d’Kanner! [Videoen]

De Fernand Kartheiser huet den 29. Juni an der Chamber d’Regierungspropaganda demontéiert: Dat neit Kannergeld ass ideologesch Politik géint d’Famill a géint d’Kanner. An et ass eng Verschlechterung well an Zukunft gi manner Suen bezuelt fir de Famillje mat Kanner ze hëllefen. Et geet just ëm d’Kontroll vum Staat, Kanner a staatlechen Ariichtungen ze erzéien a net doheem.

D’Regierung seet e Kand ass e Kand: hei dem Fernand Kartheiser seng Äntwert un d’Adress vun der DP.

Alternativ huet de Fernand Kartheiser nach eemol den ADR-Modell presentéiert, en Elteregeld (> Presentatioun), dat fir all Elteren ass. Den ADR-Modell gëtt Familljen e realistesche materielle Choix: Et ass e Stéck Fräiheet.   Dee Projet géing de Staat vill manner kaschten, wéi honnerte vu Gratis-Crèchëplazen a wir fir d’Familljen, wou ee vun den Eltere kinnt bei de Kanner bleiwen, eng Beräicherung. Bis an de Sproochgebrauch eran, ass d’Regierungsvirlag abstrus. Dat mécht de Fernand Kartheiser hei lächerlech. Den ADR-Deputéierte deckt och op, wat et heescht, wann d’Regierung vun Zukunft schwätzt: näischt Guddes nämlech.

Deel dëse Post: