Géint den 3G a géint d’Impfflicht!

Bäitrag vum Dan Hardy am Kader vun der Rubrik “Zu Gast” an der Zeitung “d’Lëtzebuerger Land” vum 14. Januar:

Géint den 3G a géint d’Impfflicht!

Den 3G op der Aarbechtsplaz, deen ass fir d’ADR soss näischt wéi eng de facto Impfobligatioun, fir déi Leit déi sech et net kënne leeschten fir all Dag en deieren Test ze maachen. Iwwregens ass an der Arméi schonn eng Impfflicht beim Rekrutement agefouert ginn, där hir rechtlech Basis Froen opwerft!

D’ADR ass iwwerzeegt, datt den 3G op der Aarbechtsplaz dozou bäidréit datt eist Land geschwënn net méi richteg fonctionéiere kann. Den 3G op der Aarbechtsplaz, erhéicht de Risiko vum  Absenteismus op der Schaff.

Hu Dir déi lescht Deeg probéiert fir an engem vun eise Laboen uechtert d’Land kuerzfristeg e Rendezvous fir e PCR-Test ze kréien, dat war scho bal net méi dran! A wat gëtt dat eréischt wann elo vum 15. Januar un den 3G op der Aarbechtsplaz gëllt? Mir hu nach ëmmer vill ongeimpfte Leit am Land, a wann och nëmmen d’Hallschent vun hinne beruffstäteg ass, an e puer Mol pro Woch en negativen Test muss virleeën, da kommen se an de Laboe guer net méi no mat den Tester!

Vill Leit wäerten also finanziell a praktesch Problemer kréie fir en zertifiéierten Test virzeleeën a sech dann an enger Situatioun gesinn an där si op déi eng oder aner Manéier net schaffe ginn. Esou Moossname wéi den 3G schuede méi wéi si notzen. De Gesondheetssecteur, d’Gastronomie an de Commerce wäerte besonnesch dorënner leiden.   

All dës Iwwerleeunge bestäerken d’ADR an hirer Iwwerzeegung, datt mir fir d’Fräiwëllegkeet bei den Impfunge sinn an deemno géint eng Impfflicht!  

D’ADR ass op e neits net mat op de Wee vum aktuelle Covid-Gesetz gaangen, datt d’Leit forcéiert gi fir sech an Zukunft all puer Méint impfen ze loossen, a geet domadder net mat op de Wee vun oppenen oder verstoppten Impfflichten.

Wéi dacks muss een sech da geschwënn impfe loossen, fir net aus dem gesellschaftleche Liewen ausgeschloss ze ginn? Et gëtt ëmmer méi däitlech datt, wann een sech géint de Covid 19 impfe léisst, een dann an engems e reegelrecht “Impfabonnement” muss huelen, wann een net wëll datt säi Covid-Pass oflafe soll.

Dat war awer net dat, wat d’Regierung zejoert ugekënnegt hat, do huet et geheescht datt d’Impfung iwwer eng laang Zäit viru Covid schütze soll. Ma mir sinn et jo scho  gewinnt datt och am Covid-Dossier d’Aussoe vun der Regierung an hir Reegelen net vill wäert sinn an net laang halen!

Dan Hardy

Politesche Beroder vun der ADR

 

 

Deel dëse Post: