Sécherheet: net genuch Polizisten a Militär!

D’Police grand-ducale an d’Lëtzebuerger Arméi hunn net esou vill Leit um Terrain, wéi d’Effektiver déi vun der Chamber geneemegt sinn et géiwen erlaben. Dëst geet aus enger Rei Froen eraus, déi de Fernand Kartheiser gestallt huet, dëst am Kader vun der Sécherheetsmoossnamen déi fir de Kampf géint den Terrorismus néideg sinn.

Am Kader vun der Bedrohung duerch den Terrorismus huet d’Regierung an der Chamber e Gesetzprojet hannerluecht deen eise Sécherheetsorganer eng Réi nei Moossnamen zur Verfügung stellt fir d’Sécherheetslag ze verbesseren. D’ADR ass am grousse ganze mat dëse Moossnamen averstanen.

Dat eleng geet awer net duer, wann net och Police, Arméi, Douane a Geheimdéngscht déi néideg Ressourcen hunn, besonnesch wat d’Personal ubelaangt, fir hir Missiounen ze erfëllen.

Arméi: wäit ewech vum theoreteschem Effektiv

Beim Militär si mer wäit ewech vum maximale Plafong! Et feelen 32% Leit bei den Offizéier, 29% bei den Ënneroffizéier, 60% bei de Kaporäl (!) a 39% bei de fräiwëllegen Zaldoten!

Police: et feelen 100 Leit

Och bei der Police steet manner Personal zur Verfügung wéi d’Effektiver et géife verlaangen. Et feelen net manner wéi 100 Leit, dëst besonnesch am „Cadre supérieur“ (37%) a bei de Brigardieren (13,5%).

Douane: genuch fir Kontrollen op de Grenzen

D’Lëtzebuerger Douane huet „adequat personell Moyenen zur Verfügung fir all hire Missiounen nozekommen, an dat och am Bezuch op eventuell Kontrollen op de Grenzen“ äntwert de Finanzminister. Domadder huet ons Regierung elo keng Ausried fir äis Grenze grouss opstoen ze loossen!

Geheimdéngscht: vu 60 op 75 Beamten… awer wéini?

De SREL huet am Abléck säi soll vu 60 autoriséierte Beamten. Duerch d’Gesetz, wat de Geheimdéngscht soll reforméieren, soll dës Zuel op 75 erop goen. De Projet stécht ass awer nach ëmmer an der Prozedur. An der Äntwert schreift de Premierminister. „De Geheimdéngscht huet genuch Ressourcen, déi d’arabesch Sprooch beherrschen“. Hei ass ze wënschen, datt dës Ausso ni no engem schroen Tëschefall muss widderruff ginn.

Fazit

Bal all Dag kommen aus der Welt tragesch Nouvellen a Bezuch op den Terrorismus. Virsiicht muss Tromp sinn, och zu Lëtzebuerg. Sécherheet besteet aus Gesetzer, aus Leit a Moyenen um Terrain an och aus dem Wëlle vun der Exekutiv alles an d’Weeër ze leede fir d’Sécherheet vun de Lëtzebuerger an de Leit déi bei ons liewen ze garantéieren.

Deel dëse Post: