Geeenten Oppositioun am “Background” vun RTL

Oppositioun ass gutt a wichteg. Eng geeenten Oppositioun ass nach besser. An eng staark geeenten Oppositioun mat just enger Stëmm vum politeschen Gläichspill ewech ass eng Draampositioun. Mee de “Background” vun RTL, deen d’Oppositioun un een Dësch bruecht huet mat Vertrieder vun CSV, ADR, Déi Lénk a Piraten, iwwert vill wichteg Themen wéi d’Verfassung, wéi d’Äntwert op Corona, huet leider gewisen, datt d’Eenegkeet nëmmen iwwerflächlech ass. Allerdéngs ass och ganz kloer gi mat den Aussoen vum Fernand Kartheiser (riets op der Photo): Et gëtt nëmmen eng Partei am biergerlech-rietse Lager an dat ass d’ADR. D’CSV misst normalerweis an esou eng Sendung e puer Leit schécken, déi alleguer eng aner Meenung géinge vertrieden, jo et kéint een e “Background” nëmme mat de verschiddene Meenunge vun der CSV maachen.

Eleng duerfir ass et schéi gewiescht, datt RTL an hirem “Background” alle Parteie vun der Oppositioun zesummen d’Wuert ginn huet … well eng Demokratie ouni Oppositioun ass keng an eng Press ouni d’Oppositiounsklack ass e Propaganda-Apparat. 

Deel dëse Post: