Fussball-Stadion: Gesalze Präisser fir Veräiner a Sportsverbänn

Et ass kee Wëllen do, fir am nationale Fussballstadion … Fussball spillen ze loossen. Den ADR-Deputéierten a -President Fred Keup wollt wëssen, wéi de Staat ka Veräiner a Verbänn hëllefen, déi héij Käschte fir den nationale Fussball- a Rugbystadion ze droen. Deen ass schliisslech zu engem groussen Deel mat Steiersue gebaut ginn, och wann d’Anlag vun der Stad Lëtzebuerg verwalt gëtt. De Minister mengt ënner anerem, de Stadion wär net just fir Fussball do. D’Veräiner kinnten e staatleche Subsid froen an dobäi och déi Subsiden uginn, déi si vun internationale Federatioune kréien. Et ass gewosst, datt d’UEFA Veräiner opgrond vun hirem sportleche Meritt zolitt Primme bezillt. Wëllen Gemeng Lëtzebuerg a Staat sech mat deene Sue sanéieren, amplaz datt si de Veräiner fir d’sportlech Weiderentwécklung an déi käschtenintensiv Jugendaarbecht déngen?   

Fro

De nationale Fussballstadion ënnersteet der Gemeng Lëtzebuerg a gëtt u Federatiounen a Veräiner, déi do wëllen (oder musse) spille géint en héije Loyer zur Verfügung gestallt. Dee Stadion, deen d’Stad Lëtzebuerg op hirem Territoire wollt hunn, an deen de Staat, dee sech och um Ënnerhalt bedeelegt mat iwwer 40 Millioune finanzéiert huet, gëtt richteg deier, wann eng Federatioun oder e Veräin vun him wëllt profitéieren. Duerfir hätt ech dës Froen un den Här Sportminister:

  1. Ass séchergestallt, datt d‘Tariffer vun der Gemeng Lëtzebuerg just d’Käschten decken?
  2. Ass ugeduecht, datt de Sportsministère de betraffene Veräiner a Verbänn bei de Stadionkäschten hëlleft oder si mat engem Subsid iwwerhëlt?

D’UEFA an d’FLF si ganz aktiv fir Fussballveräiner finanziell ze hëllefen, dat och duerch Sue fir esou europäesch Matcher ze spillen. Ass et sënnvoll, Ekippen, déi duerch hire sportleche Meritt europäesch Qualifikatiounsmatcher däerfe bestreide fir Infrastrukture bezuelen ze loossen, déi keng aner Daseinsberechtegung hunn wéi ebe Matcher ze spillen?

Äntwert

Äntwert vum Sportsminister op d’parlamentaresch Fro n° 6588 vum 1. August 2022 vum honorabelen Deputéierte Fred Keup iwwer d’Benotzen vum Stade de Luxembourg.
D’Staad Lëtzebuerg ass Propriétär vum Stade de Luxembourg. Déi zoustaenneg Instanzen vun der Staad Lëtzebuerg hun dofir och Tariffer fixeiert waat d’Benotzen vun den verschiddenen Infrastrukturen am Stade de Luxembourg betrefft. Desweideren gin d’Konditiounen vun der Bereetstellung vum Stade de Luxembourg un d’Federatiounen respektiv un d‘Verainer per Konventioun zweschen dem „exploitant“ der Staad Lëtzebuerg an dem „organisateur“, der Federatioun oder dem Verain, festgehaalen.
1. Ass séchergestallt, datt d’Tariffer vun der Gemeng Lëtzebuerg just d’Käschten decken?
Jo, Tariffer vun der Gemeng Lëtzebuerg decken bei waitem Käschten net.
2. Ass ugeduecht, datt de Sportsministère de betraffene Verainer a Verbänn bei de Stadionkäschten hëlleft oder si mat engem Subsid iwwerhëlt?
Ech verweisen den honorabelen Deputeierten hei op d’Aentwert op d‘Froe N°6521 ewou eraus erfir geet dass déi entspriechend Verainer, respektiv Verbänn een aussergeweinlechen Subsid beim Sportsministär ufroen können op Basis vun engem detailleierten Décompte deen déi do Käschten matabegräifft an ewou dann och eventuell Subsiden vun europäeschen Federatiounen mat berücksichteg gin.
3. D’UEFA an d’FLF si ganz aktiv fir Fussballverainer finanziell ze hëllefen, dat och duerch Sue fir esou europaesch Matcher ze spillen. Ass et sënnvoll, Ekippen, déi duerch hire sportleche Meritt europäesch Qualifikatiounsmatcher daerfe bestreide fir lnfrastrukture bezuelen ze loossen, déi keng aner Daseinsberechtegung hunn wéi eben Mätcher ze spillen?
Ech verweisen dann do op d’Aentwert op déi 2. Froe, wuelwessend dass am Stade de Luxembourg och aner Eventer stattfannen können, ewei nemmen Mätcher.

Deel dëse Post: