Froen zur Islamophobie an zur Syrien-Situatioun

D’Medien hu bericht, datt en Institut “IREDI” (Institut de Recherche, d’éducation et de dialogue interculturel) zu Diddeleng en “Observatoire de l’islamophobie” ageriicht huet. Dës Noriicht wërft esou munch Froen op. Steet dee genannten Institut oder den Observatoire am Kontakt mat staatlechen Organer, a wat fir eng Rechtsform gëllt hei? Mat dësen an nach weidere Froen huet de Fernand Kartheiser sech un de Staatsminister geriicht.

Mat enger weiderer parlamentarescher Fro huet den ADR-Deputéierte sech un de Bausseminister gewant. Mëttlerweil hunn de russeschen, den amerikaneschen an de franséische Staatspresident d’Enn vum Krich géint den IS a Syrien deklaréiert. Et stellt sech d’Fro, wat fir Konsequenzen dat fir syresch Flüchtlingen hei am Land huet.

 

Deel dëse Post: