Froen iwwer elektronesch iwwerwaachte Police-Autoen

Trotz enger parlamentarescher Fro vum Fernand Kartheiser vun Oktober 2017, ass nach ëmmer net gekläert, wéi d’Police Donnéeën aus den “Unfalldatenschreiber” (UDS) aus de Police-Autoen auswäert an asetzt. A senger Äntwert hat de Minister fir bannenzeg Sécherheet, Étienne Schneider vun dräi Disziplinarprozeduren an engem gewëssen Zäitraum geschriwwen. Tatsächlech ass trotz dëser offizieller Äntwert un d’Chamber op mannst ee weidere Fall bekannt. An déi eventuell Disziplinarstrofe schéngen op wackelege Féiss ze strofen, well eng Autorisatioun fir UDS-Systeemer ze feele schéingt. Den ADR-Deputéierte freet no.

Deel dëse Post: