Fro un de Schäfferot: System „Vel’oh!“

print

Här Buergermeeschter

Sou wéi d’Règlement (Art.9) et virgesäit, erlaben ech mer dës Fro un de Schäfferot ze stellen.

Betrëfft: System „Vel’oh!“

Zu Bréissel besteet en ähnleche System fir Vëloen ze léine wéi de Stater „Vel’oh!“. Déi belsch Press zitéiert e Rapport aus deem ervirgeet, datt vun 2 041 „Villo!“, déi zirkuléieren der am Joer 2011 512 geklaut gi sinn!

An deem Kontext géif ech dem Buergermeeschter gären dës Froe stellen:

  1. Gëtt et fir Lëtzebuerg och Zuelen, wéi vill Vëloen déi am System „Vel’oh!“ integréiert sinn, geklaut oder vandaliséiert goufen?
  2. Wie kënnt fir dës Fraisen op?
  3. Wat gëtt ënnerholl, fir d’klauen oder d’Vandaliséiere vun dëse Vëloen op e Minimum ze reduzéieren?

Mat beschte Gréiss,

Marceline Goergen
Gemengeconseillère

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.