
©adr
Méindeg, 17. September 2012
Fro un de Schäfferot: System „Vel’oh!“
Här Buergermeeschter
Sou wéi d’Règlement (Art.9) et virgesäit, erlaben ech mer dës Fro un de Schäfferot ze stellen.
Betrëfft: System „Vel’oh!“
Zu Bréissel besteet en ähnleche System fir Vëloen ze léine wéi de Stater „Vel’oh!“. Déi belsch Press zitéiert e Rapport aus deem ervirgeet, datt vun 2 041 „Villo!“, déi zirkuléieren der am Joer 2011 512 geklaut gi sinn!
An deem Kontext géif ech dem Buergermeeschter gären dës Froe stellen:
- Gëtt et fir Lëtzebuerg och Zuelen, wéi vill Vëloen déi am System „Vel’oh!“ integréiert sinn, geklaut oder vandaliséiert goufen?
- Wie kënnt fir dës Fraisen op?
- Wat gëtt ënnerholl, fir d’klauen oder d’Vandaliséiere vun dëse Vëloen op e Minimum ze reduzéieren?
Mat beschte Gréiss,
Marceline Goergen
Gemengeconseillère

