[FRO UN DE SCHÄFFEROT] Chrëschtmaart

Här Buergermeeschter,

Esou wéi d’Règlement (Art.9) et virgesäit, erlaben ech mir dës Fro un de Schäfferot ze stellen.

De Chrëschtmaart ass bal ganz opgestallt. Vill Maartleit sinn opbruecht, wëll d’Plazgeld respektiv d’Locatioun vun de Chaleten seit 2011 massiv erhéicht gouf.

Dëst Joer gëtt och nach zousätzlech eng Bedeelegung un der Chrëschtdekoratioun vun 1.150 € gefrot, obwuel op der Versammlung mat de betraffene Leit vun enger Participatioun vun 100 € bis 150 € geschwat gouf.

Dowéinst wéilt ech dës Froe stellen:

1. Wéi vill Chalete stinn um Chrëschtmaart? Wéi vill dovunner si gelount?
2. Firwat ass d’Plazgeld fir en eegene Chalet (6 Meter) vun 240 € am Joer 2011 op 600 € erhéicht ginn?
3. Firwat ass de Präis fir e Chalet ze loune vu 5.000 € am Joer 2011 op 6.000€ eropgesat ginn?
4. Firwat ass d’Bedeelegung un den Dekoratiounskäschten op 1.150 € fixéiert ginn an net, wéi op der Versammlung beschwat, op e vill méi verstännege Präis?
5. Firwat huet d‘Gemeng esou héich Präisser vis-à-vis vun anere grousse Gemengen (z.B. Esch-Uelzecht freet 600 €, alles mat abegraff, fir e gelounte Chalet an Déifferdeng nëmmen 200 €)?

Mat beschte Gréiss,

Marceline Goergen
Gemengeconseillère

Hei uklicken, fir d’Äntwert ze liesen

Deel dëse Post: