De 7. Mäerz 2013, een Dag virum Dag vun de Rechter vun de Fraen, sinn eng Rei Membere vun der ADR zesummekomm fir de Komitee vun der Fraesektioun z’erneieren.

Den neie Komitee setzt sech esou zesummen:

Presidentin : Béatrice Clement

Vize-Presidentinnen : Monique Thein-Weber a Charlotte Flesch

Generalsekretärin : Joëlle Giannotte – Ostertag

Tresorière : Sandra Bouchard

Bäigeuerdnet Memberen : Esther Bauer, Karine Reuter, Liliana Miranda, Marie-Louise Haas-Erpelding, Margot Wagner

D’Fraesektioun vun der ADR wëll virun allem am soziale Beräich aktiv ginn. Den neie Komitee konnt sech schonns op verschidde Projeten eenegen, déi demnächst ëmgesat ginn.