Fraeprotester am Iran

An der 19. Sëtzung vun der UN-Vollversammlung (Sessioun 76) ass Lëtzebuerg, de 14. Oktober 2021, an den UN-Mënscherechtsrot (2022-2024) gewielt ginn. Dofir ass et vu besonneschem Gewiicht, wann den Här Staatsminister a senger rezenter Ried virun der UN-Vollversammlung (23.9.22) seet: “Nous nous engageons aussi au Conseil pour promouvoir l’égalité des genres, lutter contre toutes les discriminations, renforcer l’état de droit et l’espace civique et lutter contre l’impunité Dës Wierder si vu besonnescher Bedeitung am Liicht vun den aktuelle Fraeprotester am Iran. Huet Lëtzebuerg säit dem 1. Januar 2022 am UN-Mënscherechtsrot d’Mënscherechtssituatioun am Iran, besonnesch am Hibléck op d’Ënnerdréckung vun de Fraen, ugeschwat? Wann net, wäert Lëtzebuerg dat am Kontext vun den aktuelle Fraeprotester maachen?

 

Deel dëse Post: