D’Präsidentin vun den ADR-Fraen, Sylvie Mischel, kuckt an enger emouvanter Ried um ADR-Nationalkongress op ee genee sou emouvant Joer 2020 zeréck. Grad am Hibléck op de COVID-Virus steet eis Gesellschaft viru groussen Erausfuerderungen an et gëllt elo, och a méi schwéieren Zäiten déi tëschemënschlech Wäermt net ze verléieren an och eis eeler a méi schwaach Matbierger net op der Streck ze loossen. 

Et ass dofir fir d’Presidentin vun den ADR-Fraen ëmsou méi onverständlech, wann an dësen Zäiten eis Gesellschaft nach zousätzlech a muttwëlleg gespléckt gëtt, z.B. andeems gewësse Kreesser monter weiderfueren, Männer a Frae géinteneen auszespillen. Et ass an deem Sënn eng mënscheveruechtend Diskussioun, déi sougenannten „al wäiss Männer“ ënnert de Generalverdacht vum „Toxeschen“ ze stellen. Fir d’Sylvie Mischel ass et leider eng traureg Realitéit, datt eis Gesellschaft nach weit dovu fort ass, de Slogan „Fraen, Männer: All gemeinsam si mir staark“ ze akzeptéieren – e Slogan, fir deen sech d’ADR-Frae weiderhi kompromësslos asetzen. E kompromësslosen Asaz, dee genee esou der Famill an den Eltere gëllt, där hir Roll nees dréngend opgewäert muss ginn, wa mir net wieder der Regierungs-Doktrinn follege wëllen, déi d’Erzéiung vun de Kanner ëmmer méi un de Staat wëll iwwerginn. D’ADR-Frae bleiwen an deem Sënn eng onverzichtbar Stëmm vun der Vernonft.