Fräiheetsbeschneidung a keng Fakten: Net mat der ADR!

Déi nei Restriktiounen am Privat-Beräich ginn ze wäit a se sinn net verhältnisméisseg a Relatioun mat der Gravitéit vum Virus. Dat neit Corona-Gesetz féiert an d’Blannt eran, esou de Jeff Engelen deen op der Chamberstribün bedauert datt d’Regierung net all d’Fakten op den Dësch leet an och der zoustänneger Chamber-Kommissioun Fakte virenthale gi sinn. Nëmmen duerch de gemeinsamen Drock vun der Oppositioun kënnt d’Regierung no a no mat neien Donnéeë geschäert, déi ginn awer net duer fir en objektiivt Bild vun der ganzer Corona-Situatioun zu Lëtzebuerg ze kréien. Wat huet d’Regierung ze verstoppen, déi Fro stellt sech net just d’ADR ma och vill Bierger am Land. Dann huet  d’ADR och Problemer domadder datt Grond-Fräiheeten déi an eiser Verfassung stinn duerch dat neit Corona-Gesetz opgehuewe ginn, an dann och nach just mat de Stëmme vun der Majoritéit an der Chamber duerchgewénkt gëtt. Et wär eng ganz ongesond Entwécklung datt déi Restriktiounen och nach bis den 30. September solle gëllen.

 

Deel dëse Post: