D’ADR an hiert Elteregeld waren zimmlech an der Mëtt vun der RTLs-Diskussioun iwwer d’Familljepolitik: D’Sylvie Mischel huet d’ADR-Positiounen vertrueden, an enger Ronn, wou d’Positioune sech wéineg beweegt hunn. Eiser Partei geet et mam Elteregeld dorëm, datt jonk Eltere net musse schaffe goen an ouni Problemer och hir Kanner doheem kënnen erzéien. Dee Modell erlaabt also der jonker Koppel, déi Kanner kritt, ze kucke, wéi si wëlle liewen. Wie wëll zu zwee schaffe goen, däerf dat roueg maachen a bezillt dem Kand seng Betreiung mam Elteregeld. Wie wëll seng Kanner doheem erzéien, hëlt d’Elteregeld fir sech a seng Pensiounsrechter.

Et ass dee Choix, deen eis vun all aner Partei ënnerscheed. Déi aner Parteien hunn definitiv decidéiert, datt eng Koppel muss zu zwee schaffe goen, ob si dat wëllen oder net. Dat klengt dann esou wéi „Elteren am System vun der Aarbecht halen“ … Wien sech un den DDR-Jargon erënnert fillt, läit wahrscheinlech net falsch a bei „halen“ schwéngt ëmmer och en „unhalen“ a „festhalen“ mat.