D’Presidentin vun den ADR-Fraen, Sylvie Mischel, hëlt den internationale Fraendag als Geleeënheet fir ze soen, datt een an eisem Land muss a Sécherheet kënne liewen! Datt d’Police, ganz rezent, ëffentlech gesot huet datt d’Fraen owes net eléng sollen aus dem Haus goen, dat ass fir d’ADR-Fraen inacceptabel. D’Bierger am Land, an natierlech och d’Fraen mussen sech kënnen allzäit fräi a sécher a ganz Lëtzebuerg beweege kënnen!