Fleegeversécherung: D’ADR huet d’Léisung!

Opgrond vun der grousser Onzefriddenheet vun de Betraffenen a Bezuch op d’Fleegeversécherungsgesetz huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser den 20. Februar 2018 eng Gesetzespropositioun an der Chamber deponéiert, déi d’onageschränkt Nees-Aféiere vun de „courses-sorties“ a klore juristeschen Terme festhält.

Och de Minister Romain Schneider denkt elo, dräi Méint méi spéit, endlech iwwert eng Ännerung vum Gesetz no. Dat huet de Minister den 28. Mee an der zoustänneger Chamberkommissioun bekannt ginn.

D’ADR ass der Meenung, datt et am Interessi vun de Betraffenen, déi scho vill ze laang waarden, sënnvoll ass, elo net a parteipolitesche Kompartimenter ze denken. An deem Sënn huet de Minister fir Sozialversécherung mat der ADR-Gesetzespropositioun e stéchhaltegen a kompletten Text virleien, deen elo séier an onkomplizéiert op den Instanzewee ka bruecht ginn.

D’ADR hofft am Interessi vun de Betraffenen op déi néideg Asiicht vun der Regierung.

Pressematdeelung vum 29. Mee

Deel dëse Post: