Fleegepersonal: En einfache Merci geet net duer!

D’Situatioun an de Fleege– an Altersheemer ass de Moment keng einfach. Den ADR-Deputéierte Jeff Engelen betount d’Leed, datt vill Mënschen an de leschte Wochen a Méint hu misse matmaachen. Et konnt een zum Deel mol net méi enger stierwender Persoun e leschten Äddi soen. A senger Interventioun vum 17. November geet de Jeff Engelen awer och drop an, datt et u kloren a virun allem eenheetleche Virschrëfte fir d’Altersheemer gefeelt huet. Déi Verantwortung huet de Gesondheetsministère un d’COPAS ofginn. Et geet iwwerdeems och net duer, dem Fleegepersonal, déi an de leschte Méint bis un d’Belaaschtungsgrenz geschafft hunn, just e Merci auszedrécken an et bräicht elo dréngend eng Revaloriséierung vun hire Karriären.

 

Deel dëse Post: