Firwat weist Lëtzebuerg e russeschen Diplomat aus?

Lëtzebuerg weist e russeschen Diplomat aus an de Bausseminister Jean Asselborn verstréckt sech (alt nees eng Kéier) a Widderspréch. Engersäits soll den Diplomat géint national lëtzebuergesch Interesse verstouss hunn, anerersäits soll et sech em eng Aktioun vun europäescher Solidaritéit gehandelt hunn, well och aner EU-Staaten op dee Wee gaange sinn. Falls der Regierung sou Verstéiss scho länger bekannt wieren, firwat huet si dann net éischter eppes ënnerholl? Oder handelt et sech um Enn wouméiglech nëmmen em e Virwand? De fréieren Diplomat an ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser verlaangt Opklärung.

Deel dëse Post: