Firwat sinn d’Kasematte säit iwwert engem Joer zou?

D’Kasematten an der Stad si säit iwwer engem Joer zou. En offiziellen Datum, wéini si rëm opginn, ass zurzäit net bekannt. Bei de Kasematte handelt et sech em eng vun deene wichtegsten touristeschen Attraktioune vun der Stad an dem Lëtzebuerger Land. Entspriechend negativ wierkt des Decisioun sech op d’Betriber aus deem Beräich aus, déi schonn duerch déi rezent COVID-Pandemie héich Aboussen hu missen erleiden, notamment den HORECA-Secteur. Wéi begrënnt d’Regierung dëse skandaléise Sachverhalt?

Foto: https://de.wikipedia.org/wiki/Kasematten_der_Stadt_Luxemburg#/media/Datei:Luxembourg_Casemates_(21).jpg 

Deel dëse Post: