Firwat keng Fleeghëllef am Spidol?

De Gast Gibéryen huet eng einfach Fro opgeworf:  Wéi ass d’Situatioun vu Leit, déi als Fleegfall an d’Spidol kommen an extra Hëllef brauchen? Kéinten esou Patienten net och am Spidol vun hirem Fleegedéngscht gehollef kréie wéi doheem? D’Madame Gesondheetsminister fënnt, datt d’Fleg vun esou Leit am Spidol d’Saach vum Spidolspersonal ass. Dofir wär och genuch Personal am Spidol virgesinn, seet si. Ausserdem wär et komplizéiert, Flegdingschter am Spidol schaffen ze loossen an déi Aarbecht tëscht den zoustännege Keessen ofzerechnen. Dat maach jo alles sinn, mee op esou eng Äntwert dem Patient hëlleft, dee muss gefiddert ginn a fir dee keen Zäit huet, well d’Iessen um Stack muss ausgedeelt ginn?

Deel dëse Post: