Firwat hunn d’Reparaturaarbechten un der N364 nom Héichwaasser nach net ugefaangen?

Mëtt Juli koum et zu Lëtzebuerg zu ganz schroen Héichwaasser. Uechter d’Land goufen eng Rei Infrastrukturen (Stroossen, Brécken…) schwéier beschiedegt, dorënner och d’Verbindungsstrooss vu Bäerdref op de Grondhaff. Wéi der ADR zougedroe gouf, krut d’Gemeng vun der Regierung zougeséchert, datt d’Aarbechte bis zum Schoulufank, de 15. September sollen ofgeschloss sinn. Wéi sech awer mëttlerweil rausgestallt huet, hunn se nach guer net ugefaangen, offenbar, well sech d’Regierung iwwert d’Finanzéierung net eens ass. Wéi reagéiert de François Bausch als zoustännegen Transportminister op dës Virgäng a si wou méiglech och aner Gemenge vun änleche Probleemer betraff?

Deel dëse Post: