D’Sylvie Mischel, Presidentin vun den ADR-Fraen a Kandidatin fir d’Chamberwalen, konnt an engem vum 100,7 ausgestraalte Face-à-Face vum 29. August mam Josée Lorsché vun “déi gréng” mat stéchhaltegen Argumenter fir eng nohalteg Wirtschaftspolitik iwwerzeegen. D’Sylvie Mischel setzt sech och fir eng staark Finanzplaz zu Lëtzebuerg an, wou jo aktuell ronn 70.000 Leit beschäftegt sinn. Eng nohalteg a fir Lëtzebuerg gewënnbréngend Wirtschaftspolitik bedeit och, datt endlech eng transparent Käschten-Notzen-Parameter-Lëscht fir Betriber opgestallt gëtt. D’ADR fuerdert schonns zanter laangem esou eng Lëscht, d’Regierung reagéiert allerdéngs net. D’Presidentin vun den ADR-Fraen ass iwwerzeegt: Nohalteg Wirtschaftspolitik heescht Liewensqualitéit fir d’Zukunft. D’ADR weist hei de Wee.