Dësen Artikel ass an der Spezialeditioun vum Pefferkär fir de 25. Jubiläum vun der ADR publizéiert ginn.

Zënter laange Jore gëtt déi lëtzebuergesch Europapolitik haaptsächlech vun der CSV an dem Jean-Claude Juncker bestëmmt. Dat ass eng Europapolitik, déi konsequent d’Iddi vun engem europäesche Federalstaat verfollegt, inklusiv enger politescher Unioun an enger Konzentratioun vu bal alle Pouvoiren an den Hänn vun den europäeschen Institutiounen. Och déi aktuell Scholdekris an déi sëllech Schwieregkeete vun der Euro-Währungsunioun ginn dozou benotzt fir ëmmer méi Pouvoiren a Souveränitéitsrechter op « Bréissel » ze verleeën. An der ëffentlechter Meenung gëtt dat dann esou presentéiert als géing et zu dem federalen Europa keng glafwierdeg Alternativ ginn. All aner Theorie wär nationalistesch, well géint de Friddensprojet Europa geriicht, economesch net ze veräntweren a géing doriwwer raus verkennen, datt Europa an eiser grousser wäiter Welt ëmmer méi kleng gëtt an dowéinst misst gëeent ginn, fir iwwerhaapt nach e Gewiicht ze hunn.

D’ADR an hir europäesch Schwësterparteie vertrieden dogéint eng konsequent aner europapolitesch Approche. Natierlech wëll och d’ADR dat Europa zesummewiisst an e Kontinent vum Fridden, staarken Demokratien, geschützte Mënscherechter an enger dynamescher Economie ass. Mä anescht wéi den Här Juncker a seng CSV wiele mir dozou en aneren Usaz, an zwar dee vum Europa vun de fräien a souveränen Natiounen, déi am Respekt vun hirer Eegestännegkeet zesummeschaffe fir déi gemeinsam Ziler z’erreechen. Amplaz Zentralismus a Federalismus setzt d’ADR op fräi Natioune mat engem fräie Wëllen. Dës Approche gëtt vun ëmmer méi politesche Parteien an Europa gedeelt an d’ADR ass och dovun iwwerzeegt, datt ëmmer méi Leit zu Lëtzebuerg sech bewosst ginn, datt dat zentralistescht Europa net nëmme Virdeeler, mä och vill Gefore mat sech bréngt.

Scho laang ass kloer ginn, datt Lëtzebuerg an engem federalen Europa näischt méi ze soen huet. All déi Diskussiounen a Kritiken ëm den « Directoire » vun de grousse Länner, déi mir an deene leschte Joeren haten, an déi och lëtzebuergesch Ministeren zu Recht mat geféiert hunn, hu gewisen, datt och dee « communautairen Usaz » kee Schutz méi fir déi kleng Länner bitt. Amplaz nach d’ « Gardienne des Traités » ze sinn, an d’Rechter vun de klenge Länner an där grousser Unioun ze schützen, ass déi europäesch Kommissioun progressiv an ëmmer méi selwer zu engem Deel vum « Directoire » ginn. Déi Europäesch Kommissioun gesäit sech haut scho bal als europäesch Regierung. Fir hir eege Muecht ofzesécheren, hält si sech gutt mat deene Groussen. « Communautairen Usaz » an « Directoire vun deene Groussen » sinn haut keng Géigesätz méi, mä zwou Säite vun därselwechter, federalistescher Medaille.

Déi sougenannten « méthode communautaire » ass och nëmmen eng Souveränitéitsverlagerung op anerer ouni Géigepartie fir Lëtzebuerg. Ob an der Zënsbesteierungspolitik, an der Agrarpolitik oder an anere Beräicher, et gëtt ëmmer méi offensichtlech, datt d’Kommissioun kaum méi Positioune vertrëtt, déi eisen nationalen Interessen déngen. Eist klengt Gewiicht am Ministerrot an am Europaparlament erlaben eis dacks net méi op eng efficace Manéier legitim, lëtzebuergesch Intressen an Europa ze vertrieden. Ëmmer méi ginn eis Saachen imposéiert, ëmmer méi gi mir friembestëmmt. U sech sollt Europa eng Eenheet mat Villfalt, an der Diversitéit vu senge Staaten, senge Sproochen an senge Kulture sinn, a Wierklechkeet gëtt et all Dag méi eent vun der Gläichmaacherei.

An nach méi schlëmm – Europa ass zu enger direkter Gefor fir eis Demokratie ginn. Déi bekannte Schwieregkeeten an der Währungsunioun hunn dozou geféiert, datt d’Nationalstaaten – an zwar och déi, déi keng Hëllef vun anere gefrot hunn – hir Budgetsautoritéit zum Deel ewechgeholl kruten. Eis Chamber – déi gewielte Vertriedung vum Lëtzebuerger Vollek – kritt lues awer sécher hir Rechter ewechgeholl. Gläichzäiteg ginn ëmmer méi wichteg Decisiounen iwwer de Wee vu communautairë Reglementer geholl – also einfach laanscht déi national Parlamenter. Och déi vill gelueften Opportunitéits- a Subsidiaritéitskontrolle vun der europäescher Legislatioun duerch déi national Parlamenter bleiwen an der Praxis praktesch ouni Wierkung.

D’ADR wëll dat alles net. Déi europäesch Eenegung däerf den demokratesche Buedem ni verloossen. Dat Europa vun de Natiounen, dat mir wëllen, ass eent vum Respekt virun de Staaten an hirer Souveränitéit. Och dee Wee ass méiglech!

Lëtzebuerg brauch Europa aus economesche Grënn fir e fräien Handel an oppe Mäert ze hunn. Europa muss dowéinst oppe Grenzen am wirtschaftleche Beräich garantéieren an eng gemeinsam extern Zollpolitik hunn. Lëtzebuerg brauch eng Währungsunioun. Den Euro-Raum muss a senger Struktur an an der Kompositioun vu senge Memberen op enger Basis berouen, déi him eng laangfristeg a glafwierdeg economesch a finanziell Stabilitéit gëtt. De Juncker-Wee fir Europa zu enger Transfer- an enger Scholdenunioun ze maachen, wëll d’ADR net matgoen. Europa muss senge Bierger Fräiheete ginn. Dozou gehéieren oppe Grenze fir déi éierlech Bierger – awer och nëmme fir déi! Lëtzebuerg brauch eng Zesummenaarbecht vun den europäeschen Natiounen am Beräich vun der Baussen – a Sécherheetspolitik, an do solle mir also konstruktiv matschaffen.

Fir d’ADR kënnen awer wierklech nëmmen déi Beräicher europäiséiert ginn, déi onbedéngt mussen op engem internationalen Niveau gereegelt ginn. Alles anescht muss am Beräich vun der nationaler Kompetenz bleiwen oder dohin zeréckkommen. D’ADR wëll och dat och déi lëtzebuergesch Sprooch endlech eng méi wichteg Roll an Europa kritt.

D’ADR wëll en demokratescht an e pluralistescht Europa vun den Natiounen an e staarkt Lëtzebuerg an Europa. Dat heescht zréck zu enger Kultur vun der Negociatioun a vum Kompromëss amplaz ëmmer méi « qualifizéiert » oder « super-qualifizéiert » Majoritéitsdecisiounen zu onse Laaschten! Dës Alternativ zu der aktueller Europapolitik ass net nëmme méiglech, mä si ass absolut néideg! Si ass néideg fir eis Demokratie, eis Onofhängegkeet an eis Fräiheet z’erhalen. Si ass néideg, fir datt et och muer nach e Lëtzebuerg mat senger eegener Identitéit a senger eegener Souveränitéit an Europa gëtt.