Fir e faire Brexit

Nom Brexit muss Lëtzebuerg seng Roll an engem globaliséierten Zäitalter nei iwwerdenken, esou de Fernand Kartheiser a senger Interventioun vum 24. Juli. Besonnesch wat d’Finanzplaz ugeet, muss Lëtzebuerg sech nom Austrëtt vun de Briten aus der EU zum Deel nei opstellen. Den ADR-Deputéierte plädéiert awer dofir, datt een e fairen a respektvollen Ëmgang mam vereenegte Kinnekräich fleegt. D’EU däerf elo virun allem keng Bestrofungsmentalitéit un den Dag leeën. Dës géif béide Säite schueden. Am Interessi vun engem staarken Europa sollen d’EU a Groussbritannien op alle Niveaue Frënn bleiwen.

Deel dëse Post: