De 27. an 28. Mee 2017 huet déi europäesch Bierger-Initiative “One Of Us” eng Pro-Life-Tagung organiséiert, fir de Wäert vun der Famill a vum Schutz vum Liewen ervirzesträichen, ze ënnerstëtzen an no vir ze bréngen.
Et goung dorëms, ze weisen an ze vergläichen, wéi déi nei Weltuerdnung zu de Froe vum Liewen an der Famill sech an de verschiddene Länner ausbreet a wéi sech dës Verbreedung ëmmer méi beschleunegt.
Op dësem Forum, un dem 600 Leit deelgeholl hunn, war d‘ADR vertrueden duerch d’Mme Sylvie Mischel, Vize-Presidentin vun der Partei a Presidentin vun den ADR Fraen, déi d’Situatioun vu Lëtzebuerg sollt beliichten.
Si hat d’Geleeënheet, opzezeechnen, wat bis elo alles zu Lëtzebuerg geschitt ass, wat an nächster Zukunft virgesinn ass an datt d’ADR déi eenzeg Partei an der Chamber zu Lëtzebuerg ass, déi sech konsequent fir d’Liewen an d’Dignitéit vun de Mënschen am allgemengen an vun de Kanner am Besonneschen asetzt.
An hirer interessanter Ried geet si drop an, datt déi Chrëschtlech Sozial Vollekspartei (CSV) sech als grad esou “progressive” ugesäit ewéi déi dräi Regierungsparteien, firwat déi kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg d’Entwécklungen ouni e Mucks hinhëlt a firwat d’Press der Entwécklung onkritesch vis-à-vis steet a souguer aktiv Reklamm fir d’Regierungspolitik mécht.
Ofschléissend huet d’Mme Mischel nach en Appell un déi international Press geriicht, eist klengt Land, wat sech zu engem lénk politesche Laboratoire abseits vun de Scheinwerfer entwéckelt, op de Radar ze huelen an d’Mëssstänn unzeprangeren.

one-of-us_budapest_web

one-of-us_budapest_2_web