Fir de Choix, géint de Regierungsmonopol op Meenung!

D’ADR ass d’Partei vum fräie Choix. Dat huet sech den 11. Juli an der Chamber och an der Diskussioun iwwer de Wäerteunterrécht gewisen. De Fernand Kartheiser huet vir d’éischt emol festgehalen, datt keen am Land déi al Léisung mam fräie Choix vu Reliounsunterrecht a Laiemoral a Fro gestallt hat. Dunn huet hien higewisen op d’Schäinhellegkeet vun der Regierung. Si géif net midd ginn, Reklamm fir hir Iddien an der Schoul ze maachen (Gender-Froen, Sexualunterrécht, Multi- an Interkulti,  iwwerdriwen Entwécklungshëllef …) an eng konsequent Militanz un den Dag leeën. Dat Recht géing si awer de Reliounen verweigeren an dobäi e regelrechte Meenungsmonopol opbauen. Dat wär reng Intoleranz.

D’Ideologie hannendrun stéing nom ADR-Deputéierten  op schwaache Been: Nëmmen wann e Schüler genuch Wësse vermëttelt kritt, kann hien e kritesche Bierger ginn. Wann awer an der Schoul interkulturell d’Ënnerscheeder tëscht richteg a falsch vëlleg verwëscht ginn, ass dat net méiglech. Wäertevermëttlung brauch eng Basis. D’Relioun ass an eiser Gesellschaft esou eng Basis, ouni déi villes guer net ze verstoen ass. Dofir gehéiert si an d’Schoul, seet de Fernand Kartheiser, wou si ënner staatlecher Kontroll ka vermëttelt ginn. E Versprieche vum ADR-Deputéierten: An enger Regierung géing d’ADR dat do wéi aner Schoulgesetzer nees réckgängeg maachen.

Deel dëse Post: