Fir datt d’Justiz a Lëtzebuerger Hand bleift!

D’Madamm Justizminister hat de 4. Oktober 2021 bei engem fréiere President vum Ieweschte Geriichtshaff eng Etüd iwwer d’Attraktivitéit vun der Magistratsfunktioun zu Lëtzebuerg an Optrag ginn, dëst am Kontext vun enger Debatt iwwer d’Rekrutéierungsproblemer an der Magistratur. Dëse Rapport (« Rapport Wiwinius »), dee viru Kuerzem publizéiert gouf, proposéiert am Hibléck op dës Rekrutéierungsproblemer Léisungen, déi engem Paradigmewiessel an der Lëtzebuerger Justiz géife gläichkommen, wa se ëmgesat géifen. War d’Justiz bis elo fir Lëtzebuerger Staatsbierger reservéiert, esou wéi et an der EU och fir déi sougenannten „hoheitlech“ Funktioune virgesinn ass, sou soll dat, dem Auteur vun där Etüd no, an Zukunft net méi de Fall sinn.

Sou proposéiert hien, datt déi 46 Referendairen, déi agestallt solle ginn, fir de Magistrate bei hirer Aarbecht ze hëllefen a fir domat d’Magistratsfunktioun rëm méi attraktiv ze maachen, net nëmmen eng reng „Assistenzfunktioun“ solle kréien, mee datt si och sollen Decisiounen däerfen huelen. Soulaang dës Referendairen déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, kéint esou eng Iddi diskutéiert ginn. Am Projet de loi 7863, op dee sech d’Wiwinius-Etüd bezitt, steet awer schwaarz op wäiss: « La fonction de référendaire de justice sera ouverte aux ressortissants d’un pays membre de l’Union européenne. La nationalité luxembourgeoise ne sera pas exigée dans le chef des référendaires de justice.»

Wat dat fir eis Justiz bedeit, ass kloer: Wann dës Etüd vun der Gambia-Regierung guttgeheescht gëtt, gi verschidde Justizkompetenzen an Zukunft vu Leit ausgeüübt, déi net déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. Ëm wéi eng Kompetenze geet et dobäi? Och hei bleift de Wiwinius-Rapport keng Äntwert schëlleg: «…on pourrait envisager de confier aux référendaires certaines tâches dans le cadre de ce qu’il est convenu d’appeler le contentieux de masse, que ce soit en matière civile (les ordonnances de paiement) ou en matière pénale (les ordonnances pénales, le contentieux des accidents de circulation, etc.).»    

D’ADR steet prinzipiell fir d’Souveränitéit vun de Lëtzebuerger iwwer hir eege Justiz. Et ass inakzeptabel, datt verschidde Justizkompetenze lo an d’Hänn vu Persoune sollen iwwergoen, déi net déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. Fir de Rekrutéierungsproblem an der Magistratur ze léisen, mussen aner Weeër fonnt ginn.  Zugläich muss séchergestallt sinn, datt zu Lëtzebuerg all Magistrat a Referendaire déi dräi Verwaltungssprooche vum Land beherrscht.

 

Pressematdeelung vun der ADR vum 11.7.2022

 

 

 

Deel dëse Post: