Finanzplaz: Ruhe in Frieden?

Den 3. Mee huet den Deputéierte Fernand Kartheiser eng Pressekonferenz zum Thema “Finanzplaz: Ruhe in Frieden” gehalen. D’ADR mécht sech nämlech Suergen ëm d’Finanzplaz an ëm de Staatsbudget. Souwuel d’Bilanzzommen ewéi och d’Zuel vun de Banke sinn zënter Jore réckleefeg.

Fir d’éischt huet de Fernand Kartheiser déi schwaach Kommunikatiounsleeschtung vum neie Kommunikatiounsminister kritiséiert.  Zwee Mol hannerteneen huet hien iwwer en Zeitungsinterview wichteg Konzessiounen ugekënnegt (Enn vum Bankgeheimnis fir Privatleit an elo och fir multinational Konzerner). Et handelt sech dobäi ëm extrem wichteg Konzessiounen an Entwécklungen, an dat ouni Informatioun an Diskussioun am viraus an der Chamber. Déi objektiv Alliéiert vu Lëtzebuerg – Schwäiz a virun allem Éisterräich – goufen och net consultéiert, an dat och nach just virun engem Staatsbesuch.

Fir d’ADR mécht een esou Konzessiounen – wann si da sollten absolut onëmgänglech sinn – am Kader vu Verhandlungen. De Finanzminister schaaft keen « level playing field », mä duerch eesäiteg Konzessioune schwächt hien d’Konkurrenzsituatioun vun der Finanzplaz Lëtzebuerg.

D‘ADR ass och géint Steierhannerzéiung a fir den aktuelle System vun der Quellesteier mat Informatiounen op Demande. Sollt eng Finanztransaktiounssteier (FTT) agefouert ginn, dann nëmme weltwäit. D’ADR ënnerstëtzt dem Finanzminister seng Klo virum Europäesche Geriichtshaff wéinst der extraterritorialer Wierkung vun der FTT – mee firwat huet hien net selwer d’Initiativ geholl?

Finanz- a Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg

Wéi eng Implikatiounen hunn d’Propositioune vum Finanzminister insgesamt op de Wirtschafts- a Finanzstanduert Lëtzebuerg?

Wéi eng Implikatiounen hunn déi do Propositiounen op eise Finanzsecteur, inklusiv dem Versécherungssecteur?

Gouf mat de Vertrieder vun der Finanzplaz am Virfeld iwwer déi do Propositiounen diskutéiert? Kann eng Aktivitéit vu Steieroptiméierung zu Lëtzebuerg bestoe bleiwen ?

Wat d’Privatleit ugeet, wieren eng Rei perséinlech Donnéeë wéi d’Gehälter, d’Pensiounen oder d’Bezuelung vu Liewensversécherunge vum Informatiounsaustausch betraff.

Déi Konzessiounen iwwer d’Enn vum Bankgeheimnis schreiwen sech a méi e grousse Kontext an :

– Relativ héich nominell Betribsbesteierung zu Lëtzebueg (29%)

– Verhandlung iwwer eng Harmoniséierung vun der Assiette am EU –Kontext

– Héich Lounkäschten – Drock op den Index wiisst elo !

– Wéi soll eis Land Promotioun als Wirtschaftsstanduert maachen, wann d’Regierung sou Onsécherheete schaaft ?

Staatsbudget

D’ADR fäert, datt d’Frieden-Konzessiounen nach weider Lächer an de Budget rappen, an datt d’Steiere fir d’Privatleit, mä och fir d’PME nach weider musse gehéicht ginn.

Laangfristeg Risiken:

An där nächster Legislaturperiod verletzt Lëtzebuerg wahrscheinlech op d‘mannst zwee Maastricht-Critèren: Verschëldung an Defizit.

Et besteet de Risiko vum Verloscht vum AAA.

Präzedenzfall Zypern: EU verletzt hir eege Reegelen.

Conclusioun

Mir lafen an e risege strukturellen Defizit ran!

CSV = de séchere Wee!?

– Wéi stellt sech d’CSV déi finanziell an economesch Situatioun vum Land vir?

– Wéi soll de Budget nees an d’Gläichgewiicht kommen?

Mir hate jo all gehofft, datt de Finanzsecteur als Haaptsecteur vun der Economie sech géing erhuelen a Lëtzebuerg nees géing mat opriichten. Amplaz geet d’CSV lo och nach ausgerechent dee Secteur schwächen!

Dir wëllt de Pressedossier liesen? Einfach d’Bild uklicken!

Deel dëse Post: