Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Kultusminister an un den Här Finanzminister weiderzeleeden:

Laut Meldungen aus der Press géif de Katar eng Moschee an eng Koranschoul zu Lëtzebuerg cofinanzéieren. An deem Kontext bedauere Membere vun der islamescher Communautéit, dës géif vum Staat benodeelegt ginn, wat direkt Subventiounen a Steiererliichterungen ubelaangt.

Dowéinst géif ech gären den Häre Kultusminister a Finanzminister dës Froe stellen:

  1. Kann d’Regierung bestätegen, datt d’ONG „Qatar Charity“ eng Lëtzebuerger Moschee a Koranschoul mat finanzielle Mëttelen ënnerstëtzt? Wa jo, wéi héich ass de Montant vun dëser Subventioun?
  2. Sinn der Regierung aner Fäll bekannt, wou reliéis Communautéiten zu Lëtzebuerg iwwert substantiell Hëllefe vun auslänneschen ONGe benefisséieren ?
  3. Laut dem Internetsite vun „Qatar Charity“ huet des Associatioun als Objeten: nohalteg Entwécklung, Aarmutsbekämpfung an Interventioune bei Naturkatastrofen. D’Subventionéierung vun enger Moschee a Koranschoul an engem Land wéi Lëtzebuerg fält net ënner des Beschreiwung. Huet d’Lëtzebuerger Regierung en Abléck iwwert d’Aktivitéite vun der ONG „Qatar Charity“ an iwwert d’Grënn, wisou dës de Lëtzebuerger Projet ënnerstëtzt ?
  4. Wéi steet d’Regierung prinzipiell zum Fait, datt reliéis Communautéiten hei am Land mat substantielle Subventiounen aus dem Ausland ënnerstëtzt ginn ? Gëtt dësen Aspekt beim Rapport vun den auslänneschen Experten iwwert d’Relatiounen tëschent de reliéise Communautéiten an dem Staat mat considéréiert ?
  5. Wéi steet d’Regierung prinzipiell zur Schafung vu Moscheeën a Koranschoulen zu Lëtzebuerg ? Ginn et do gewëssen Oplagen déi mussen agehale ginn ? Wa jo, wéi gëtt kontrolléiert, ob dës Oplagen och agehale ginn ?
  6. Ginn et zu Lëtzebuerg, laut dem offizielle Sproochgebrauch, schonns Moscheeën a Koranchoulen ? Wa jo, wou a wéi vill?
  7. Gëtt et Ufroe fir Moscheeën zu Lëtzebuerg ze bauen ? Wa jo, wou a wou sinn do d’Verhandlungen drun?
  8. Wéi wäit sinn d’Verhandlunge mat der Schura fir eng Conventioun tëschent dem Staat an der islamescher Communautéit auszehandelen ? Regelt dës Conventioun d’Schafung vu Moscheeën a Koranschoulen a ginn doranner Konditioune festgeluecht fir Moscheeën a Koranschoulen opzemachen ?
  9. Wéi steet d’Regierung zur Integratioun vum Islamunterrecht an déi ëffentlech Schoul ?
  10. Gëtt et Veräiner an Associatiounen, déi en direkte Lien mat enger Relioun hunn, an déi vu Steiererliichterunge benefisséieren, z.B. iwwert de Wee vun der Unerkennung vum „statut d’utilité publique au titre de l’article 26-2 de la loi du 21 avril 1928“ ? Wa jo, kann den Här Minister d’Lëscht vun dësen Associatioune matdeelen ?
  11. Kann den Här Finanzminister d’Kritik vun der islamescher Communautéit bestätegen, datt dës Communautéit vu Steiererliichterungen ausgeschloss ass ?
  12. Ass d’Regierung bereet, och Associatiounen déi an enkem Kontakt mat der islamescher Communautéit stinn de „statut d’utilité publique“ unzeerkennen, an zu wat fir Konditiounen?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Äntwert vun de Kultus a Finanzministeren op d’parlementaresch Ufro Nummer 2237 vum Här Deputéierten Fernand Kartheiser

Als éischt wellt d’Regirung den Här Deputéierten drop hiweisen, datt d’Froen souwuel vun Terrainen fir reliéis Gemeinschaften wéi vun der Finanzéierung vun desen Terrainen, mé och vun den Lieux de culte selwer, net duerch den Artikel 22 vun der Verfaasung oofgedeckt sinn, an dëss Froen also net an de Kompetenzbereich vun der Regirung an aneren öffentléchen Institutiounen falen, weder fir konventionnéiert Gemeinschaften, nach, emsou méi, fir déi onkonventionnnéiert. Dat bedeit dann och datt d’Regirung op vill Froen déi den Här Deputéierte stellt net kann äantwerten. Well de Staat an d’Gemengen do keng Zoustännégkéten an also och keng obligatoresch Informatiounen hunn. Dat ass haptsaächléch de Fall fir d’Froen 1 bis 9.

Op der aner Seit stellt den Här Deputéierten eng Rei Froen déi am Rapport vun den Experten iwer d’Evolutioun vun de Relatiounen tescht Staat an reliéisen respektiv philosopheschen Gemeinschaften opgeworf gi sinn, an déi, wéi vum Här Deputéierten selwer ugedeit, sécher am Kader vun den Debatten iwer desen Rapport waerten ugesprach ginn. D’Regirung wärt also desem Débat net virgreifen.

Hei nach eng kurz Stellungnahm zu den énzelnen Froen.

1. D’Regirung wéss (cf. 1. Abschnitt vun der Äntwert) nemmen dat wat an der Presse vu verschiddenen Seiten zu dém Sujet gesot a geschriwen gouf.

2. Am Prinzip wéss d’Regirung neischt vun finanziellen Hellefen un reliéis Gemeinschaften, ausser dénen Fäll wou eventuell de statut d’utilité publique gefrot an accordéiert ginn ass.

3. D’Letzebuerger Regirung huet séch net an den objet social vun der katarescher ONG anzemëschen. Am Prinzip ass den Donateur frei fir Liberalitéiten ze maen, natirléch muss d’Utilisatioun vum Don hei zu Letzebuerg am Respekt vum letzebuergeschen ordre public geschéien.

4. D’Fro vun indirekten an och auslänneschen Finanzementer vu reliéisen Gemeinschaften gëtt am virdru genannten Rapport vun den Experten ugesprach a gëtt domatt während der Debatt én vun den Themen vun der zukünfteger Strukturéirung vun de Bezéiungen tescht Kiirch a Staat. Woubei et jo kloer ass, datt esou Finanzementer méi importent ginn, an der Proportioun wéi de Staat seng Relatiounen, déi rechtléch an och déi finanziell, mat de Kiirchen méi begrenzt.

5. an 6. Déi verschidden islamesch Associatiounen am Land bedreiwen eigentléch all hiir Moschee. Eenzelner hunn, wéi én héiert, och Koranschoulen. Et ginn fir de Moment 8 Moscheen am Land. Et handelt sech dobai ëm:

Centre Culturel Islamique du Luxembourg Marner

Association Islamique et Culturelle du Sud à Esch/Alzette

Centre Culturel et Islamique du Nord, Wiltz

Association Islamique le Juste Milieu à Bonnevoie

Le Centre Culturel Islamique à Ettelbrück

Le Centre Islamique au Luxembourg à Luxembourg-Ville

Association Cultuelle et Culturelle Islamique de l’Ouest à Niedercorn

L’association Multiculturelle de l’Ouest à Esch-Alzette

Déi reléies Fraihét huet jo 2 Aspekter, dén individuellen an de kollektiven, öffentléchen Exercice vum Kult. Dozou gehéiert och e lieu du culte, enner anerem eng Moschee. Natirléch mussen déi reliéis Gemeinschaften de letzebuerger ordre oublic respektéieren. Kontroll als solch ass schwéier mat der reliéser Fraihét ze verbannen. Et ass awer méigléch bei strukturéierten Relatiounen tescht den öffentléchen Autoritéiten an reliésen Gemeinschaften, sief et via Konventiounen, sief et via e legalen System, vum dém déi virgenannten Experten och schwetzen, no Verhandlungen mat denen unerkannten Gemeinschaften, e System vu Relatiounen opzebauen, dén och d’Oppenhét vum betraffenen Culte beinhalt.

7. Offiziell Ufroen fir eng Moschee ze bauen gëtt et als solch keng, och well, wéi an der Introduktioun zu deser Äntwert beschriwen, et fir de Staat an d’Gemengen keng Obligatioun an och keng konstituionnell Basis gëtt fir lieux de cultes ze finanzéieren oder Terrainen zur Verfügung ze stellen.

8. D’Analys vum Texte vun engem Projet vun Konventioun mat der Shoura léft wieder, mé parallell zu der genereller Diskussioun iwer d’Struktur vun de Relatiounen tescht Staat an reliéisen a philosopheschen Intitutiounen, déi den Expertenrapport lo waert ustoussen, an zwar dobaussen mat allen betraffenen Parteien, an natirléch an der Chamber déi jo finalement muss décidéieren a wat fir eng Richtung et gét. Dofir ass et schwéier elo kurzfristeg eng Konventioun ze ennerschreiwen déi herno enger Decisioun vum Constituant oder vum Législateur entweder net entsprécht, oder awer sou enger Decisioun virgreift an en neien fait acquis schaaft. Allerdengs ass et och esou, datt wann d’Regirung geseit, datt den Débat iwer de Prinzip vun de Relatiounen an dem öffentléchen Ftnanzement vun de reliéisen Gemeinschaften séch méi lang hinzitt, mir aus Grënn vun égalité de traitement tescht reliéisen Gemeinschaften déi Konventioun mat der Shoura och während dem lafenden Débat mussen ennerschreiwen. De Conseil de l’Europe weist net zu Onrecht op déi gewessen Diskriminatioun hin, déi tëscht der musulmanescher Gemeinschaft zu Letzebuerg an aneren „unerkannten” reliéisen Gemeinschaften bestét. An dofir bestét Handlungsbedarf.

Esou eng Konventioun, falls dé System weiderbestét, oder awer eng exhaustiv Reglementatioun iwer d’Bezéiungen tescht Staat a Kirchen, déi als eng vun den Altemativen am Raum stét, kennen natirléch och Regelen fir Schafung a Fonktionnéieren vun de Moscheen an éventuelle Koranschoulen enthalen.

9. D’Fro vum Reliounsunterricht en général an den öffentléchen Schoulen ass én vun denen groussen Themen déi am Rapport d’expertise ugesprach ginn, an domat och wärt an den nexten Méint a Wochen diskutéiert ginn.

10. Den Justizministere stellt keng Leschten op vun den Associatiounen , égal wat hiren „ objet” wär also och net vun deenen di en direkten Lien hätten mat enger Relioun; den Finanzministere , dat heescht Steierverwaltung fir genee ze sinn , stellt eng neutral Lescht op vun deenen Associatiounen di den Statut „d’utlité publique,” hunn, all Associatioun di dovunner kann benefisséieren steet op der Lescht an di Lescht ass um Site Internet vun der ACD ze fannen; verbo: Relevé des organismes pouvant recevoir des dons fiscalement déductibles dans le chef des donateurs dans les limites des articles 109 e t l l 2 L.I.R.

11. All Associatioun kann beim Justizminister eng demande eran reechen fir den Statut “d’utilité publique” ze kréien no den Kritären vum Gesetz, égal wat hiren “objet” ass. All Demande gëtt no deenen selwechten gesetzlechen an amtlechen Konditiounen an Formalitéiten gekuckt , den Staatsrot gëtt ëm säin Avis gefrot esou wie den Finanzminister, an dono gëtt eng Decisioun geholl vum Justizminister op Basis vun dem gesamten Dossier an Prozeduren vun der Associatioun di den Kritären vum „intérêt public général” muss entspriechen. Eng Kritik , wie den honorabelen Deputéierten se behaapt, am Zesummenhang mat islameschen Associatiounen ass deemno net berechtegt, well och 1 Demande vun deenen Associatiounen ënnert deenen selwechten Konditiounen an Formalitéiten géif gekuckt ginn wie bei all aner Associatiounen op se en philosopheschen , artisteschen , wëssenschaftlechen Zweck hätt, wie och ëmmer.

12. Äntwert op des Fro ass di selwecht wie Äntwert op Fro 11 vun virdrun; Gesetzlech Bedingungen an Kritären , Prozeduren an Decisiounen fir enger Associatioun den Statut „ d’utilité publique „ ze ginn sinn di selwecht fir all Associatioun , égal wat hiren „ Objet „ ass. Deen Objet muss awer den gesetzlechen Bedingungen entspriechen an di Kritären erfëllen di all aner Associatiounen och mussen hunn fir kennen vun dem Statut ze benefisséieren.

Nei Moschee: d’ADR stellt sech eng Rei Froen