Fiktiv Adressen an eise Gemengen

Eng Persoun, déi der Gemengeverwaltung hir nei Wunnadress matdeelt, ass eréischt dann dozou verpflicht, nozeweisen, datt si och wierklech op dëser Adress wunnt, wa vu Gemengesäit Zweifelen un der Declaratioun vun der Persoun bestinn. Um offizielle Site vun der Regierung heescht et ënner “Déclarer son déménagement à la commune de résidence”:

« Il est recommandé de joindre à la déclaration d’arrivée une pièce justificative documentant la réalité de la résidence habituelle telle que l’accord du propriétaire ou de l’occupant du logement, un extrait du contrat de bail, un extrait de l’acte notarié de vente, etc.»

Et gëtt der Persoun, déi an d’Gemeng kënnt, “recommandéiert”, hir nei Adress nozeweisen. Et ass hir also fräigestallt, ob si dësen Noweis erbréngt. Wéi gëtt awer vun der Gemengeverwaltung garantéiert, datt et bei den “déclarations d’arrivée” net zu Abuse kënnt? Wéi eng Méiglechkeeten huet eng Gemeng, fir déi Donnéeën nozepréiwen?

Deel dëse Post: