Fernand Kartheiser wëll Neiufank bei Berufsausbildung [Video]

Kee Gebastels kann d’Berufsausbildung mam modulare System retten, dofir brauche mir e neien Usaz. Dat war dem Fernand Kartheiser säi Message an dofir huet d’ADR e neit Gesetz den 12. Juli an der Chamber net matgestëmmt. D’Regierung wollt do Onzoulänglechkeeten behiewen, déi dat aktuellt Gesetz huet. De Fernand Kartheiser huet DP, Gréng an CSV virgeworf, datt se all déi LSAP-Draamvirstellung vum modulare Schoulsystem matgedroen hätten. Dat wär haut awer esou en eklatanten Feelschlag, datt ee misst rengen Dësch maachen a séier d’Berufsausbildung komplet6t reforméieren.

Den ADR-Deputéierte huet erënnert, datt d’Schüler d’Affer vun deem ideologesche Gespills wären an elo an enger Schoul wären, déi net géing funktionéieren. Dat wär awer kee Grond fir eppes matzestëmmen, wat just géing Detailler veränneren. Generell wär d’ADR derfir, d’Handwierk opzewäerten an de Schüler nees d’Gefill ze ginn eppes Wichteges a Wertvolles ze léieren.

Deel dëse Post: