Fernand Kartheiser: Russland-Sanktioune schuede béide Säiten!

D’europäesch Sanktioune géint Russland gi verlängert a verlängert. A Russland ass wéineg Versteesdemech fir eng Situatioun, déi un de Kale Krich erënnert. D’russesch Press freet dann ëmmer nees westeuropäesch Politiker no den Hannergrënn an no deem, wat do nach ze erwarden ass. Prenza, eng regional Noriichten-Agentur, huet sech net fir d’éischt beim Fernand Kartheiser gemellt fir iwwer dee Sujet ze diskutéieren. De Message vum ADR-Deputéierte variéiert wéineg: D’Ukraine huet eng Rëtsch Oploen am Kader vun der Normaliséierung vun der Situatioun nach net erfëllt, dat ass net Russland séng Schold. Awer och: D’Sanktioune schuede béide Säiten an – zu Lëtzebuerg an an Europa – virun allem de Baueren.

Europäesch Arméi

D’Froen, déi sech a Russland gestallt ginn, gi méi wäit. Wat soll dem EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker seng Initiativ fir eng europäesch Arméi? Wat soll dës bewierken? Léise sech déi däitsch an déi franséisch Arméi ieren op fir europäesch ze ginn? E Bombardement vu Froe vum Journalist vu Radio Sputnik un de Fernand Kartheiser, dee Skepsis weist géintiwwer vum neieste Juncker-Plang. Sputnik ass déi grouss international Noriichtenagence vu Russland a ville Sproochen (vergläichbar BBC, Deutschlandfunk …).

 

Deel dëse Post: