Fernand Kartheiser: Naiv Regierungsapproche bei Flüchtlingen

Fir de Fernand Kartheiser war et d’Geleeënheet, d’Punkten op den I ze setzen. Bannent enger Woch huet d’Regierung dat zweet Gesetz zur Migratiounskris ëmgesat, dat vun Europa diktéiert ass. Fir den ADR-Deputéierte stellt sech fir d’éischt Fro, fir wat et net erlaabt ass, iwwer d’Konsequenze vun der Migratiounskris ze diskutéieren a firwat Leit, déi berechtegt Zweiwelen hunn, datt Lëtzebuerg am Joer 9.000 Flüchtlinge verkrafte kann, gesot kréien, si hätten Angscht oder wäre Populisten.

De Fernand Kartheiser huet nach eemol kloer an däitlech d’ADR-Positioun duergeluecht: Ënnerscheedung tëscht dräi Kategorie vu Flüchtlingen, séier Réckféierung vun ofgeleente Leit, Respekt vu Lëtzebuerg a senger Sprooch als Mindestkonditioun fir kënnen integréiert ze ginn, an och keng Benodeelegung vu Lëtzebuerger, deenen et schlecht geet; duerch dës Migratiounskris. Hien ënnersträicht awer, datt an deem Kader all Mënsch a Nout selbstverständlech muss gehollef kréien.

Den ADR-Deputéierte bedauert den Amalgam, dee mat de Flüchtlinge gemaach gëtt, wou d’EU-Kommissioun an d’Gambia-Regierung probéieren all Ënnerscheeder tëscht engem individuell Verfollegten, engem Krichsflüchtling an engem Migrant mat wirtschaftlechen Ursaache solle verwëscht ginn.

Hien huet a senger Conclusioun nach eng Kéier däitlech gemaach, wéi sënnlos et ass, Direktiven ëmzesetzen, déi scho laang iwwerholl sinn, well se sech op eng Realitéit bezéie vun 2013, laang virun der Migratiounskris.

A besonnesch d’Madame Integratiounsminister huet de Fernand Kartheiser un hir Flichten erënnert an zwar esou wuel fir d’Interête vum Land ze schützen wéi och fir ze suergen, datt keen sech mat falschen Aussoe Virdeeler verschafe kann.

Deel dëse Post: