D’Alternativ Demokratesch Reformpartei felicitéiert dem Här Jean-Claude Juncker, dee weider Chef vum Eurogrupp bleift, a wënscht him eng glécklech Hand bei de Léisung vun de Problemer a Griicheland, Irland, Portugal, Spuenien an Zypern. Sécher kennt de Premier dëse Länner hir Schwieregkeete gutt, well e jo dës Problemer vun Ufank un mat verursaacht huet. Gläichzäiteg wënscht d’ADR eisem klenge Land, wou de Chômage Rekorder schléit, wou d’Wunnen net méi ze bezuelen ass, wou de Wuesstem negativ Zuele schreift, wou d’Staatsschold rapid klëmmt a wou bal 10% vum Staatsbudget iwwert Emprunte muss finanzéiert ginn, e Fulltime Staatsminister! Lëtzebuerg huet méi wéi en Hobbystaatsminister verdéngt!

Et soll een d’Problemer upaken, wann se kleng sinn, sot eemol e Lëtzebuerger Premier. Här Juncker: d’Problemer wuessen ons esou lues iwwert de Kapp a sinn net méi esou am niewebäi, wa méiglech mam Chèqueheft, vun engem Hobbystaatsminister ze léisen.

Enn Mee zielt Lëtzebuerg 14 057 Persounen ouni Aarbecht, dobäi komme 4 625 Leit, déi an enger „Mesure“ sinn. De Chômagetaux ass mat 6,1% den héichsten an der Lëtzebuerger Geschicht. Kee Wonner, datt dem Aarbechtsminister d’Absicht ënnerstallt gëtt, hie géif gär zu Paräis an der Lëtzebuerger Ambassade Asyl fannen.

Mä och vill jonk Lëtzebuerger ginn duerch en Echec vun der Wunnengspolitik an den Exil gedriwwen. Wann d’Wunnengspolitik zum Zil huet, d’Praïsser zu Lëtzebuerg an engem verstännege Rumm ze halen, dann hunn déi sëlleg Regierungen ënnert dem Här Jean-Claude Juncker ganz béis versot!

Eist Land brauch e Wuesstem vu ronn 4% fir d’Sozialsystemer am Equiliber ze halen. De Statec huet vir den éischten Trimester 2012 en Nullwuesstem ausgerechent, an e Minuswuesstem vun 1,5% am 4. Trimester 2011. Huet d’Regierung dës Zuele schonns zur Kenntnis geholl an drop reagéiert?

Chômage, net genuch Wunnengen a Minuswuesstem hu Konsequenzen op d’Staatsfinanzen. Ënnert dem séchere Wee vum Duo Juncker-Frieden ass d’Staatsschold vu 3,2 Milliarden € am Joer 2008 op 9,2 Milliarden € am Joer 2012 geklommen. De Finanzminister plangt, all Joer e weidere Kredit vun enger Milliard € opzehuelen. Dobäi komme bal all Mount nei Verpflichtungen op Lëtzebuerg duer fir d’Banken- an Eurokris ze meeschteren, woubäi sech Prêten a Garantië vun iwwert 6 Milliarden € ugeheeft hunn.

Lëtzebuerg muss och op weidere Punkte séier, wichteg a richteg Decisiounen huelen, wann et säi Wuelstand an seng sozial Cohesioun wëllt bäibehalen: Schoulpolitik, Investitounspolitik, Mobilitéitspolitik,  Ëmweltpolitik, Integrationspolitik, Fuerschungspolitik… fir nëmmen dës Punkten opzezielen. Dofir brauch Lëtzebuerg Vollzäitpolitiker, an dëst och un der Spëtzt vun der Regierung!

„Es ist einfach ein echtes Zeitproblem. Angesichts der Krise schaffe ich es kaum noch, die Arbeit, die ich in Luxemburg zu verrichten habe, und die sehr anstrengende Arbeit in der Eurogruppe zeitlich auf einen Nenner zu bringen“ , huet de Jean-Claude Juncker der dpa e Méindeg erkläert. Géif en sech dach nëmme beim Wuert huelen, a sech entscheeden: entweder Premier zu Lëtzebuerg oder President vun der Eurogrupp, sief et fir déi nächste 6 Méint, bis kuerz virun de Chamberwalen (wat wär Lëtzebuerg ouni Juncker on Tour?), oder fir 2,5 Joer wéi d’Mandat et virgesäit.

Mir hoffen, datt Lëtzebuerg ni an d’Lag kënnt, wéi déi Länner, déi elo musse bei den Eurochef biedele goe fir gehollef ze kréien, dëst ënner ganz strenge Konditiounen a massivem Sozialofbau. D’ADR hofft, datt den Här Juncker ni, well Lëtzebuerg och misst gehollef kréien, als President vun der Eurogrupp nees d’Soen zu Lëtzebuerg kritt!

Méi wëssen: