Feierdeeg am Kader vun der Referendumsprozedur

Offiziell konnten d’Bierger bis den 9. Mee op hirer Gemeng fir e Referendum iwwert dat drëtt Kapitel vun där geplangter, neier Verfassung ënnerschreiwen. Den 8. Mee ass allerdéngs op Sonndes gefall an den 9. Mee war Feierdag, sou datt de 7. Mee schonn de leschten Delai duergestallt huet. Gesäit d’Regierung fir, sou Fäll zukünfteg ze kompenséieren oder d’Gemengen zu zousätzlechen Ëffnungszäiten unzehalen?

Deel dëse Post: