Familljefest 2016: Superambiance an Tonne Leit! [Video]

no images were found

D’lescht Joer war de Referendum de groussen Thema um ADR-Familljefest. Jo mir waren esou kéng, eist Fest 2015 op de 7. Juni ze leeën. Praktesch, well esou konnte mir am Nomëtteg d’Resultat vum Referendum vum 7. Juni feieren. Dëst Joer war den Thema manner erfreelech: D’Kandidatur vum ADR-Generalsekretär Alex Penning fir de Staatsrot ass vun der Regierung net ugeholl ginn … well hie keng Fra ass. Esou heescht et allzäit an der Press, well d’Regierung war bis elo net amstand, eiser Partei dat offiziell matzedeelen – weder mëndlech nach schrëftlech. Dofir war deen Thema och Haaptsujet vun der Ried vum ADR-President Dr Jean Schoos. Den Alex Penning, deen de Profil, deen de Staatsrot fir déi Plaz verlaangt bis op de leschten Dibbelchen erfëllt, huet sech awer d’Laun net verdierwe gelooss, grad esou wéineg wéi déi aner Leit. A wéivill Leit, tonne Leit ware mat eis feiere komm. Iech all en häerzleche Merci.

Deel dëse Post: