Wann een dem Pierre Gramegna gleewe soll, sinn d’Staatsfinanzen „kärgesond“. Wien sech de Budget allerdéngs méi genee ukuckt, wäert schnell mierken, wéi d’Zuele manipuléiert goufen: Hei gëtt en Emprunt vun 1,3 Milliarden Euro als Haushaltsiwwerschoss duergestallt. An d’Spezialfonge vun 1,7 Milliarden Euro besti just nach um Pabeier.
De Gast Gibéryen huet op der Pressekonferenz vum 9. August kloer gemaach, datt et inakzeptabel ass, datt eng Regierung d’Populatioun mat manipuléierten Zuele gleewe léisst, et wär alles am Botter.
Füge diese URL in deine WordPress-Website ein, um sie einzubetten
Füge diesen Code in deine Website ein, um ihn einzubinden