Europaschoul Déifferdéng: keng Integratioun mä Parallelgesellschaft

Nodeems de Bau vun der Europaschoul zu Déifferdéng an der Chamber genehmegt gi war, stoung elo den 20. Januar 2016 de Konzept vun der Schoul um Programm. Hei huet d’ADR dergéint gestëmmt an de Fernand Kartheiser huet eng ganz Rëtsch Argumenter heifir uginn.

D’Konzept vun därer Schoul géing keng Problemer léisen, se wär déi falsch Äntwert op d’Besoinen vum Land. Obwuel se dat versprëcht, géing se näischt maachen fir d’Integratioun mä se géing Parallelgesellschaften hei am Land förderen. D’Lëtzebuerger Sprooch, d’Integratiounssprooch vum Land, kéim am Unterricht vill ze kuerz. D’Schoul, déi zum groussen Deel mat auslänneschem Lehrpersonal, dat weder d’Sprooch nach d’Geschicht vum Land kennt, wäert funktionéieren, hätt dann och nach eng grouss Autonomie, wat hir Coure géing ugoen. Et kinnt een zu Déifferdéng e Lëtzebuerger Schouldiplom maachen ouni Lëtzebuergesch an Däitsch och nëmmen héieren ze hunn. Mat därer Schoul wéilt d’Regierung der Chamber an dem Land Sand an d’Aen streeën. Well vun Integratioun géing zwar geschwat ginn, mä am Gesetz selwer stéing näischt dovun dran. A vläit wéilt d’Regierung jo och genee dat: Parallelgesellschaften fir Lëtzebuerg, esou wéi et ass, opzeléisen. Mat der ADR, esou de Fernand Kartheiser, géing et awer keng Schoul ouni eis traditionnell Dräisproochegkeet ginn, nët wéi zu Déifferdéng.

Deel dëse Post: