EU-Fiskalpakt: Jo zu enger Scholdebrems, mä dofir keen Traité néideg (VIDEO)

Den 28. Februar ass an der Chamber iwwert de sougenannten EU-Fiskalpakt, deen den EU-Memberstaaten de facto eng Scholdebrems imposéiert, diskutéiert ginn. D’ADR huet géint den deementspriechende Gesetzesprojet gestëmmt, well déi finanziell a politesch Souveränitéit vu Lëtzebuerg um Spill steet.

De Gast Gibéryen huet a senger Ried erkläert, datt et wichteg ass de Staatsbudget an de Grëff ze kréien. D’Finanzpolitik vun der Regierung géif déi kommend Generatiounen hypothekéieren. D’ADR ass aus deem Grond fir eng Scholdebrems, mä en Traité wier an deem Kontext net néideg gewiescht, well souwuel déi finanziell ewéi och déi politesch Souveränitéit vu Lëtzebuerg um Spill stinn.

Fiskalpakt: Vun Demokratie keng Spuer, mä nach ass et net ze spéit!

Deel dëse Post: