En Dënschdeg, den 9. Oktober, huet d’Chamber den EU-Bäitrëtt vu Kroatien ratifizéiert. Als eenzeg Partei hat d’ADR drop higewisen, datt et méi sënnvoll gewiescht wier den Hierscht-Rapport vun der Europäescher Commissioun ofzewaarden. Elo, wou dat Dokument virläit, ass gewosst, datt Kroatien nach net prett ass fir dëse wichtege Schrëtt.„Weitere Anstrengungen sind erforderlich, um die Rechtsstaatlichkeit durch Verbesserung der öffentlichen Verwaltung und des Justizsystems und die wirksame Bekämpfung von Korruption und organisiertem Kriminalität zu stärken“. Esou steet et am Rapport vun der Europäescher Commissioun zum EU-Bäitrëtt vu Kroatien, deen haut ëffentlech gemaach ginn ass. D’ADR fillt sech domadder an hirer Positioun bestätegt.

Dës Woch huet d’Chamber den Traité ratifizéiert, duerch deen dëst Balkanland soll Member vun der EU ginn. D’ADR huet als eenzeg Partei drop higewisen, datt et méi sënnvoll gewiescht wier de Rapport vun der Europäescher Commissioun ofzewaarden.

Elo, wou dat Dokument virläit, kann d’ADR nëmme soen: d’Regierung ass virun de Won gelaf!