A senger rezenter Ried vrum Europaparlament huet den Här Barroso erkläert, wéi en sech d’Zukunft vun der EU virstellt. Trotz de schéine Wierder iwwert Demokratie an Integratioun verlaangt d’ADR, datt d’Subsidiaritéitsprinzip gestäerkt gëtt an datt Souveränitéit vu Lëtzebuerg garantéiert bleift. D’Memberstaaten hu scho genuch Rechter un déi europäesch Instanzen ofginn an et gëtt virun allem fir déi kleng Länner ëmmer méi schwiereg fir sech ze behaapten. Sollt et zu engem neien Traité kommen, trëtt d’ADR fir e Referendum an.

Den Här Barroso louch net falsch, wou en a senger rezenter Ried erkläert huet, d’Bierger wäre wéinst de Mesuren, déi am Kader vun der Finanzkris geholl gi sinn, „onzefridden“ a „besuergt“. Mat de Léisungen, déi virschloe goufen, kann d’ADR allerdéngs net d’Accord sinn, an dat well um europäeschen Niveau Praxis an Theorie bei wäitem net iwwertenee stëmmen. Méi wéi eng Kéier huet de Kommissiounspresident d’Wuert Demokratie an de Mond geholl, an de Vertrag vu Lissabon gesäit ënnert anerem de Subsidiaritéitsprinzip oder och nach d’Méiglechkeet vun enger Biergerinitiativ vir, mä a Wierklechkeet trieden déi eenzel Memberstaaten ëmmer méi Rechter un déi europäesch Instanzen of. De sougenanntenen „Sixpack“ ass nëmmen ee Beispill vu villen dofir.

D’ADR bleift der Meenung, datt déi europäesch Integratioun nëmmen an enger begrenzter Zuel vu Beräicher Sënn mécht, an zwar an de währungspoliteschen, wirtschaftlechen a finanzielle Froen. Si ass deemno net prinzipiell géint d’Aféiere vun engem Mechanismus, duerch deen all d’Banke vun der Eurozon géinge kontrolléiert ginn, esou wéi et proposéiert gëtt, mä déi national Souveränitéit däerf net nach weider a Fro gestallt ginn. Eng gutt Koordinatioun an der Baussen- a Verdeedegungspolitik ass och néideg, mä iwwert déi gesellschaftspolitesch Dossiere sollen déi eenzel Staate kënne selwer decidéieren.

Den Här Barroso huet fir eng Federatioun vun den Nationalstaaten a fir en neien Traité plaidéiert. Sollt et dozou kommen, verlaangt d’ADR d’Organisatioun vun engem Referendum, deen et der Bevëlkerung géing erlaben, sech géint oder fir dëse Projet auszeschwätzen. Rezent Aussoe vum Ausseminister hunn allerdéngs gewisen, datt en Angscht vrum Wëlle vun de Wieler huet. Et muss jiddefalls garantéiert ginn, datt de Subsidiaritéitsprinzip gestäerkt gëtt an datt Lëtzebuerg seng Identitéit a seng Roll an Europa behält. Wann een awer bedenkt, datt d’Lëtzebuergescht nach ëmmer net als offiziell europäesch Sprooch unerkannt ginn ass, da muss ee feststellen, datt eist Land et net einfach huet fir sech ze behaapten an datt déi Europäesch Kommissioun duerch hire Wonsch no méi  Integratioun et nach méi schwiereg wëll maachen. Aus deem Grond ass de Message vun der ADR ganz kloer: Esou net, Här Barroso!