Ersatzleeschtung fir Zouliwwerer?

Am Kader vun de COVID-Restriktiounen huet d’Regierung vill Entrepreneuren, déi virdru souwuel no sech wéi no hire Mataarbechter gekuckt hunn, mat engem Aarbechtsverbuet beluecht. No laangem Hin an Hier kruten si schliisslech puer finanziell Ersatzleeschtungen zougeschwat, de psychologesche Schued bleift souwisou onbezuelbar. Trotzdeem ass och den ekonomesch-finanzielle Probleem domat net geléist. Op all Betrib kommen och Zouliwwerer. Wéi hält d’Regierung et mat deenen Entreprisen, deenen hir professionell Clienten ënner d’COVID-Restriktioune falen?

Deel dëse Post: