Entrevue mat der Proffegewerkschaft APESS

Vertrieder vun der Proffegewerkschaft APESS si bei d’ADR an eng Entrevue komm, fir op eng Rei Problemer am Schoulwiesen opmierksam ze maachen. Dobäi ass dee wichtegsten, den ëmmer méi grousse Manktem u Proffen an de Lycéeë vum Land. Zemools an der Mathematik an och an der Informatik géif et ganz akut u Léierpersonal feelen. Doduercher misste vill Proffen ëmmer méi Iwwerstonne leeschten. D‘Onzefriddenheet gëtt dann och ëmmer méi grouss well dës Iwwerstonne manner héich remuneréiert si wéi déi normal Schoulstonnen. Eng Majoritéit vun de Proffe wär dofir frou wann endlech méi Leit géifen agestallt ginn. Esou op alle Fall d’Vertrieder vum APESS-Exekutivcomité Gilles Everling a Pascal Zeihen déi hiert dréngend Uleies dem Deputéierte Fernand Kartheiser an der Affekotin Nicky Stoffel matgedeelt hunn. Op parlamentareschem Niveau wäert dann d’ADR beim Educatiounsminister nohaken, och zemols am Dossier Iwwerstonnen.

Deel dëse Post: