Den 13. Juli 2012 hat eng Delegatioun vun der ADR eng Entrevue mat enger Delegatioun vun der Chambre de Commerce. Engersäits koum et zu engem konstruktiven an intensive Meenungsaustausch zu diverse Themae wéi den Euro, d’Scholdekris an d’Kompetitivitéit; anersäits konnt d’Chambre de Commerce der ADR hir Uleies duerleeën.

D’ADR ass der Meenung, datt den Euro fir Lëtzebuerg Virdeeler huet, déi net ofzestreide sinn. De Wee vun enger economescher an eng politesch Unioun ass allerdéngs mat demokrateschen Abousse verbonnen. D’ADR plaidéiert dofir, datt Griicheland gehollef kritt , mä am Géigenzuch aus der Eurozone austrëtt. D’Gespréichspartner si sech eens, datt déi breet Ëffentlechkeet méi staark iwwer d’Scholdekris an déi méiglech Léisungen aus där Situatioun informéiert muss ginn. Si bedaueren och, datt, wat d’Kompetitivitéit zu Lëtzebuerg ubelaangt, de Produktiounsapparat geschwächt an den Dynamismus gebrach ass.

D’Chambre de Commerce hat d’Geleeënheet, der ADR hir Uleies duerzeleeën. Si wënscht sech ënnert anerem, datt déi Jonk besser op d’Beruffswelt virbereet ginn an datt d’Progressioun vun de Depensë gebremst gëtt. D’administrativ Vereinfachung, de Logement, de Chômage bei de Jonken, den ëffentlechen Transport an d’Promotioun vu Lëtzebuerg no bausse gehéieren och zu de Punkten, déi ugeschnidde goufen.

D’Delegatiounen hu sech virgeholl, sech fir weider Gespréicher zu méi spezifesche Sujeten erëmzegesinn. D’Delegatioun vun der Chambre de Commerce huet aus dem Pierre Gramegna, Direkter, an aus dem Carlo Thelen, Chef économiste, bestanen. D’ADR-Delegatioun war zesummegestallt vum Fernand Kartheiser, Nationalpresident, dem Gast Gibéryen, Fraktiounschef, an dem Deputéierte Jacques-Yves Henckes. Si ware begleet vun den Attachéen Alain Kleeblatt a Liliana Miranda.