Entrevue mat der Bréifdréieschgewerkschaft

Den 30. Mee 2022 huet sech d’ADR mat der Bréifdréieschgewerkschaft, vertrueden duerch d’Häre Raymond Juchem, Vincent Jemming a Sacha Petulowa, getraff. D’Bréifdréieschgewerkschaft setzt sech a fir d’Belanger vun engem Beruffszweig, dee mat groussen Erausfuerderunge konfrontéiert ass (z.B. Digitaliséierung, neit Reklammegesetz, Attraktivitéit a Wandel vum Bréifdréierberuff) an ouni deen eist Land wärend dem Lockdown net hätt kënne fonktionéieren.  An der Entrevue mat der ADR huet d’Bréifdréieschgewerkschaft betount, datt et och deen néidege politesche Wëlle brauch, fir dës Erausfuerderungen ze meeschteren. 

Deel dëse Post: