Den 1. August 2012 hat eng Delegatioun vun der ADR eng Entrevue mat engem Vertrieder vun der Association pharmaceutique luxembourgeoise (APL), e jonke Veräin, deen an dëser éischter Kontaktopnam d’Méiglechkeet hat sech a seng Gesiichtspunkte virzestellen. Et ass ënnert anerem iwwert déi sougenannte Substitutioun geschwat ginn, dat heescht iwwert d’Ersetze vu verschriwwene Medikamenter duerch Generika. An dësem techneschen, mä interessanten Dossier  sinn d’Gespréichspartner virun allem op d’Substitioun a méi spezifesch op dat entspriechend Reglement vum 25. Juni 2012 agaangen. Et geet haaptsächlech drëms, datt e Patient ënnert verschidde Konditiounen an der Apdikt net déi Medikamenter, déi vum Dokter verschriwwe goufen, mä méi bëlleg Generika ka kréien. D’Pharmaindustrie mécht sech Suergen ëm dës Entwécklung, virun allem wat d’Laangzäitbehandlungen ugeet. D’ADR ass an dësem Kontext der Meenung, datt d’Sécherheet vum Patient muss garantéiert sinn.

D’APL war vertrueden duerch hire Generalsekretär Hendrik Kühne. D’ADR-Delegatioun war zesummegestallt vum Fernand Kartheiser, Nationalpresident, dem Gast Gibéryen, Fraktiounschef, dem Roy Reding, Vize-President, an dem Liliana Miranda, Attachée parlementaire.