En Dënschdeg, den 22 Mee, war an der Chamber eng Entrevue tëschent dem Team vun auslänneschen Experten déi e Rapport iwwert d’Relatiounen tëscht de Kierchen an dem Staat soll redigéieren, an enger Delegatioun vun der ADR.

D’Reunioun déi annerhallef Stonn gedauert huet ass an enger frëndlecher an entspaanter Atmosphäre verlaf. D’ADR Delegatioun huet den Experten en Auszuch vum ADR-Wahlprogramm ausgedeelt, wouranner d’Partei sech fir de Prinzip vum „otto per mille“ ausschwätzt. Dëst huet, laut dem Fernand Kartheiser, de grousse Virdeel datt de Bierger ka fräi wiele wéi eng reliéis Gemeinschaft, philo oder philantropesch Associatioun hien ënnerstëtz.

Den Expertenteam besteet aus de Professer Francis Messner, dem Här Jean-François Husson, der Madame Catherine Saegesser, an dem de Här Eric Ghysselinckx a war begleed vum Jean Zahlen, Premier Conseiller de Gouvernement am Département des Cultes. D’ADR Delegatioun war zesummegestallt vum Fernand Kartheiser, President, vum Gast Gibéryen, President vun der Fraktioun a vum Alain Kleeblatt, attaché.