
©adr
Mëttwoch, 28. September 2011
Entrevue «Groupement des magistrats»
Den 28. September 2011, huet eng Delegatioun vum « Groupement des Magistrats » d’ADR besicht. Si goufe vun den Deputéierten Jacques-Yves Henckes a Fernand Kartheiser empfaang. D’Gespréicher hunn sech ënner anerem ëm d’Onofhängegkeet an ëm de gudde Fonctionnement vun der Justiz gedréint. Dobäi koumen och déi aktuell Propositiounen iwwer d’Aféieren vun engem « Conseil supérieur de la magistrature » zur Sprooch.
Et koum zu engem intensiven a konstruktiven Meenungsaustausch. D’ADR huet déi interessant Erklärungen an nëtzlech Präzisiounen vun de Magistrater gär notéiert an dréit hinnen och selbstverständlech an hirer politescher Aarbecht Rechnung.

